Post by SIDEN Bleesbruck
172 followers
🎉 Mir haten d'Freed, um Schoulfest vun der Grondschoul Kietscht - Rammerech dobäi ze sinn! Iwwer de ganzen Dag ass eng Klass no där anerer bei eisem Stand laanschtkomm, fir eise Container mat senge spannenden an edukativen Inhalter z'entdecken. Et war schéin ze gesinn, mat wéi vill Virwëtz, Begeeschterung an Engagement d'Kanner matgemaach hunn. Nieft eis waren och vill aner flott Stänn an Aktivitéiten, déi aus dem Schoulfest e richtegen Erfolleg gemaach hunn. E grousse Merci un d'Grondschoul Kietscht - Rammerech fir d'Invitatioun an déi excellent Organisatioun! Mir freeën eis schonn op déi nächst Geleeënheet, eis Projeten de Kanner méi no ze bréngen. 😊💧💙 #SIDEN #Ofwaasser #Educatioun #Lëtzebuerg