Post by Martine Deprez

Ministre de la Santé et de la Sécurité sociale

🏡✨ Haut war ech bei der Inauguratioun vun der Maison L’Escale – Maison médico-psycho-sociale vum CHEM zu Esch dobäi. D'Maison L’Escale huet sech vun engem Projet zu enger Struktur entwéckelt, déi net méi aus dem Alldag vun der ëffentlecher Gesondheet ewechzedenken ass. Hei gëtt eng medezinesch betreit Iwwernuechtungsméiglechkeet fir Mënschen a schwierege Liewenssituatiounen ugebueden. D’Escale schaaft e séchert a respektvollt Ëmfeld ausserhalb vum Spidol, wou d'Dignitéit, d'Solidaritéit an de sozialen Zesummenhalt am Mëttelpunkt stinn. D'Equipe begleet d'Bewunner op hirem Wee zu méi Gesondheet a sozialer Stabilitéit a dréit domat zu méi Mënschlechkeet an eiser Gesellschaft bäi. 💙 E groussen MERCI un @medecinsdumondeluxembourg, un Centre Hospitalier Emile Mayrisch an un all déi, déi dëse wichtegen a flotte Projet méiglech gemaach hunn. 👏🙏

Post content

Video Content