Post by Lynn Warken
Managing Director at Lëtzebuerger Journal
🎙Et kéint ee scho bal soe freides ass Podcast-Dag bei eis... Déi nei Episod "Mäin Element" ass dobaussen. Ëm wat geet et am Podcast? D'Zil ass et, d'Mënschen hannert hirer Fuerschung kennenzeléieren a mat deene Clichéen opzeraumen, wéi en oder eng Fuerscher*inn ausgesinn a sech ze verhalen huet.👩🔬🔬👨🏾🔬🧫💥 An hei ginn et sou vill spannend Geschichten ze erzielen, datt mir, also den Fonds National de la Recherche (FNR), Luxembourg an de Lëtzebuerger Journal schonn an der 2. Staffel ukomm sinn. 🥳 Dës Kéier war de Max Kasel beim Mathematiker Hugo Parlier op Besuch. D'Episod ass wéi eng Iwwerraschungstuut. Natierlech geet et ëm Mathé mee op eng spilleresch Aart a Weis (wuertwiertlech) déi hie bis op Dubai op d'Weltausstellung bruecht huet, d'Band Alt-J huet e Gaaschtoptrëtt, Tennis ass mat dobäi a mir léieren dem Hugo säi Role Model, déi mëttlerweil verstuerwen, Mathematikerin Maryam Mirzakhani kennen: https://lnkd.in/e8mGjrvV 🙏Thank you Hugo for this fascinating insight into your professional career and for finally making me understand the connection between the band Alt-J and the ∆ symbol🤯 Hei geet bei de ganze Podcast mat all den Episoden: https://lnkd.in/esT_BycD #podcast #luxembourg #science