Post by Laurent Zahles

Président du Comité de Direction

De Weekend hat ech d‘Freed bäi der Präisiwwerreechung vun eisem traditionelle Raiffeisen Molconcours am Beetebuerger Park dobäi ze sinn. Zënter ville Joren ass de Molconcours eng etabléiert Traditioun zu Lëtzebuerg. Als lokal Bank gesi mir et als eis Missioun, net nëmme bei eise Memberen a Clientë präsent ze sinn, mee och d’Kreativitéit vun de jonke Generatiounen ze fërderen an z‘ënnerstëtzen. Dëst Joer war dobäi e ganz besonnescht: am Kader vun eisem 100. Gebuertsdag hu mir mat eisem eegenen Thema “100 % Ech” bewosst de Fokus op dat geluecht, wat all Kand a Jugendlechen eenzegaarteg mécht. Si hunn eis mat hire Konschtwierker gewisen dass et net em Perfektioun, mee em Authentizitéit geet. D’Resultat: iwwer 20.700 agereechte Biller déi all hir eege Geschicht erzielen.🎨 E grousse Merci un all d’Kanner a Jugendlecher, d’Léierpersonal an d’Eltere fir hiert Engagement an hir Begeeschterung. A wéi seet een sou schéin: Nom Molconcours ass virum Molconcours. Mir fänken da schonn emol un d’Editioun 2027 virzebereeden!

Post contentPost contentPost contentPost contentPost content