Post by CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours
5,329 followers
[Remise de distinctions honorifiques 2026] 🇱🇺 De Méinden, 15. Juni 2026 huet déi traditionell Medaileniwwerreechung vum CGDIS am Kulturhaus Käerjenger Treff zu Käerjeng stattfonnt. A Präsenz vum Inneminister Léon Gloden, vun der Käerjenger Buergermeeschteg Nadine Braconnier, vum President vum Verwaltungsrot vum CGDIS, Alain Becker a vum Generaldirekter vum CGDIS, Paul Schroeder, krute gëschter ronn 200 fräiwëlleg a berufflech Pompjeeën, souwuel wéi och administrativt an technescht Personal hir Medail fir hiert laangjäregt Engagement iwwerreecht. Zousätzlech goufen och Medaile fir “service exceptionnel” u Membere vum CGDIS verdeelt. Do dernieft goufen och 4 Rettungshënn eng Auszeechnung fir exceptionell Leeschtungen oder fir eng erfollegräich Sich no enger vermësster Persoun ausgezeechent. Ee vun dësen Hënn, de Charel, krut seng Auszeechnung posthume iwwerreecht, nodeems hien am Mee leider verstuerwen ass. Weider Informatiounen: https://gd.lu/7fTqCH 🇫🇷 Le lundi 15 juin 2026, la traditionnelle cérémonie de remise des médailles du CGDIS s’est tenue au centre culturel Käerjenger Treff à Bascharage. En présence du ministre des Affaires intérieures Léon Gloden, de la bourgmestre de Bascharage Nadine Braconnier, du président du conseil d’administration du CGDIS Alain Becker et du Directeur général du CGDIS Paul Schroeder, près de 200 pompiers volontaires et professionnels ainsi que des membres du personnel administratif et technique ont reçu leur médaille en reconnaissance de leur engagement de longue date. Des médailles pour service exceptionnel ont également été attribuées à des membres méritants du CGDIS. Par ailleurs, 4 chiens de recherche ont également été distingués pour leurs engagement de longue date ou pour une recherche de victime fructueuse. L’un d’entre eux, Charel, a reçu cette distinction à titre posthume après son décès survenu malheureusement au mois de mai. Plus d’informations : https://gd.lu/7fTqCH