Post by Centre Hospitalier du Nord (CHdN)
4,233 followers
🌡️ 𝗛𝗲̈𝘁𝘇𝘁𝘄𝗲𝗹𝗹: 𝗗𝗲 𝗖𝗛𝗱𝗡 𝗲𝗻𝗴𝗮𝗴𝗲́𝗶𝗲𝗿𝘁 𝘀𝗲𝗰𝗵 𝗳𝗶𝗿 𝗱’𝗪𝘂𝗲𝗹𝗯𝗲𝗳𝗮𝗻𝗻𝗲 𝘃𝘂 𝗷𝗶𝗱𝗱𝗲𝗿𝗲𝗻𝗴𝗲𝗺 Wéinst den héijen Temperaturen huet de Centre Hospitalier du Nord (CHdN) schonn den 18. Juni säi Plan Canicule a Kraaft gesat, fir de Confort an d’Sécherheet vun eise Patienten, Mataarbechter souwéi eisen externe Partner ze garantéieren. 𝗘̈𝗻𝗻𝗲𝗿𝘁 𝗱𝗲 𝗠𝗼𝗼𝘀𝘀𝗻𝗮𝗺𝗲 𝘀𝗶𝗻𝗻: 💧 Upassung vun der Ernierung an eng verstäerkt Hydratatioun vun de Patienten am Kader vum Plan Canicule. 🍦 Fir an där waarmer Zäit fir e bëssen Ofkillung ze suerge goufen un d’Personal an d’Doktere Glacë verdeelt. 🚰 Nieft de Waasserspender, déi schonn zur Verfügung stinn, ginn nach bis Enn Juli gratis Waasserfläschen un d’Patienten, d’Dokteren, d’Personal an extern Partner verdeelt, fir eng reegelméisseg Hydratatioun ze fërderen. 👕 Ausnamsweis ass et zäitweis erlaabt, an de Fleegestatiounen een T-Shirt unzedoen, fir de Confort vun den Ekippen ze verbesseren, ouni d’Qualitéit vun der Fleeg ze beaflossen. Gläichzäiteg mécht de CHdN alles, fir den thermesche Confort vu sengen Infrastrukturen nohalteg ze verbesseren. 🔹 Zwee nei Killaggregater goufe bestallt a ginn direkt no der Liwwerung vum Material (an 8 bis 10 Wochen) installéiert. 🔹 Eis Ekippe sichen aktiv no mobile Klimaanlagen, virun allem fir eis Annexhaiser, besonnesch d’Crèche an d’Jugendpsychiatrie, souwéi no mobillen Equipementer, déi de Sécherheetsufuerderunge vun engem Spidol entspriechen. 🔹 Zesumme mat eisem Ingenieursbüro gëtt eng grëndlech Analys gemaach, fir kuerz-, mëttel- a laangfristeg Moossnamen ze definéieren, déi eis Gebaier méi resistent géint ëmmer méi dacks optriedend Hëtztwelle maachen. 🔹 An enger éischter Etapp gi Sonneschutzfilmer op d’Fënstere vun de Raim an der akuter Geriatrie installéiert, genee wéi schonn um 5. Stack. Do hunn dës Filmer d’Bannentemperatur ëm ronn 2 °C reduzéiert. Dëse Programm gëtt no an no op weider Unitéiten ausgebaut. Dës Moossname weisen den Engagement vum CHdN, seng Patienten, Mataarbechter a Partner ze schützen an d’Infrastrukture gläichzäiteg nohalteg un d’Erausfuerderunge vum Klimawandel unzepassen. 💙 Mir soe sämtlechen Ekippen e grousse Merci fir hiren alldeeglechen Asaz a biede jiddereen, virsiichteg ze bleiwen, reegelméisseg Waasser ze drénken a besonnesch op déi vulnerabelst Persounen opzepassen.