Post by Centre Hospitalier du Nord (CHdN)
4,222 followers
📍Am Kader vun der Semaine de la Santé de la Femme huet de CHdN haut zesumme mat Lëtz Menopause asbl - The Luxembourg Menopause Society eng gut besichte Konferenz iwwer d’ 𝗠𝗲𝗻𝗼𝗽𝗮𝘂𝘀𝗲 𝗮 𝗙𝗿𝗮𝗲𝗴𝗲𝘀𝗼𝗻𝗱𝗵𝗲𝗲𝘁 organiséiert. 🪭 Wat ass d’Menopaus ? D’Menopause ass eng natierlech an onëmgänglech Etapp am Liewe vun de Fraen - déi Fraen a Männer gläichermoossen uschwätze soll. 🪭 Wat sinn déi déi heefegst Symptomer? Hëtzewallungen, Nuetsschweessen, Middegkeet, Schlofstéierungen, Reizbarkeet, Konzentratiouns- a Gediechtnisproblemer souwéi Gelenkschmäerzen, asw. Dës Symptomer sinn nach ëmmer ze dacks en Tabu oder ginn net richteg verstanen. ☯️ Wéi kann een sech op des Iwwergangsphas präparéieren? E bessert Verstoe vun de biologesche Mechanismen hannert de Symptomer, d’Opléise vu Virurteeler an d’Identifikatioun vun de wichtegste Sailen, engem gesonde Liewensstil — wéi Ernierung, kierperlech Aktivitéit, Schlof oder Stressmanagement — erlaben et, dës Iwwergangsphas méi entspaant unzegoen. Gläichzäiteg hëlleft dat de Fraen, informéiert Entscheedungen ze treffen, fir hir Gesondheet haut an an Zukunft nohalteg ze schützen. ⏳ Wéi laang dauert d’Menopaus? Haut verbréngt eng Fra ongeféier en Drëttel, heiansdo esouguer bis zu d’Hallschent vun hirem Liewen an der Perimenopause- a Postmenopause-Phase. D’Menopause ass keng Krankheet mee hir Auswierkungen kënnen d’privat an d’berufflecht Liewen däitlech beaflossen. 👉 D’Menopaus ass eng wichteg Fro vun der ëffentlecher Gesondheet an der Chancëgläichheet, déi am Kader vu Politik fir Diversitéit, Gläichstellung an Inklusioun (DEI) voll ugeholl a berücksichtegt muss ginn. 🤗 De CHdN seet de Kolleege vun LëtzMenopaus asbl an de Participante vun der Konferenz e ganz grousse Merci fir di wertvoll Informatiounen an de flotten Échange. #letzmenopause #hergentleshift #menopauseeducation